E Schoulmeeschter erënnert sech u koppeg a bosseg Situatiounen, déi en a sengem räiche Beruff erlieft huet, droleg Kanner, droleg Elteren, droleg Kollegen a Kolleginnen, droleg Paschtéier an droleg Notabilitéiten. A sechzeg Kuerzgeschichten léisst en all déi rëm opliewen, an net nëmme si, neen, och déi Zäit an dee Milieu an där déi Episoden sech ofgespillt hunn. Ni béisaarteg, ëmmer mënschlech an esou, datt s’engem d’Häerz warem maache kënnen, sinn all déi Figure gezeechent.
Ob sech dat elo an engem klengen Éisleker Duerf ofspillt, enger e bësse méi grousser Uertschaft op der belscher Grenz, an der Stad Lëtzebuerg, am Conservatoire zu Esch, am Centre de logopédie oder op de Brieder, déi d’Welt bedeiten, iwwerall huet hie Leit begéint, déi et derwäert sinn, datt se net vergiess ginn.
- Veröffentlicht am Dienstag 30. Oktober 2012 von Editions Binsfeld
- ISBN: 9782879542607
- 344 Seiten
- Genre: Belletristik, Erzählende Literatur, Hardcover, Softcover