Rasch(t) Auer

Gedichter a Prosa

von

Roland Harsch beschäftegt sech an dësem Wierk mat der Vergänglechkeet vun der Zäit. An enger Zäit, wou jiddweree behaapt, hien hätt keng Zäit, huet de Roland Harsch versicht, se unzehalen.
Gedichter a Prosa wiessele sech rhythmesch of. De Roland Harsch beschreiwt op seng gewinnt amüsant a geeschtvoll Manéier d’Konscht vun der Eegenanalys an dem Haltmaachen – de Géigendeel vun der alldeeglecher „Rush-hour“

Tëschent där enger an där aner Rasch-Auer (rush-hour),
wou alles „rasch, rasch“, séier, séier muss goen, kënnt och
ëmmer mol rëm eng Rascht-Auer, eng Zäit fir sech
auszeraschten, fir sech z’erhuele vun deene sëlleche Strapaze
vum stressegen Alldag, eng Zäit, wou een nodenke kann
iwwert dat, wat een erlieft huet, wou een dat verschaffe kann,
wat engem widderfuer ass.

Mat der Ënnerstëzung vum Fonds Culturel National Luxembourg