Autor: Jhemp Hoscheit
De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, ass Papp vun zwee Kanner an huet bis haut iwwer fënnefanzwanzeg Bicher publizéiert.
Dorënner eng Romantrilogie, déi aus Aacht Deeg an der Woch (2006), Wootleche Krich (2018) a Perl oder Pica (Éditions Schortgen,1998) besteet an déi elo, mat dëser neier Publikatioun, ofgeschloss ass. Den éischte Band dovu gouf 2006 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent a fir deen drëtte krut den Auteur 1999 de Servais-Präis.
Och 2018 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskomm, ass De Schmunzel, dem Jhemp Hoscheit säin zwieleft Kannerbuch. Anerer sinn: L’imagination, Zodi am Schatofor, Wat wibbelt do am Schaf, Monsteren am Gaart, Lauschterbichelchen, Den Eppes …