Autor: Roland Harsch
1951 huet de Roland Harsch déi éischte Kéier seng Féiss op dës Welt gesat. Si stoungen him zënterhier ëmmer trei zur Säit an hunn hien duerch de Stater Jongelycée, de Conservatoire an ee Germanistik- an Anglistikstudium geféiert.
Seng Erliefnesser als Chargé de cours an der Iechternacher Museksschoul, als Professer am Dikrecher Kolléisch, am
Lycée Michel Rodange an am Jongelycée an der Stad, notéiert hien awer trotzdem léiwer mat den Hänn, grad wéi alles anescht wat em zu Literatur oder Musek duerch de Kapp geet.
Sou si schonn eng Parti Artikelen a Bicher entstanen, ënner anerem Duda – Kurioses aus dem Rotstiftmilieu oder Rasch(t)Auer, déi allebéid bei den Éditions Guy Binsfeld erauskomm sinn. Fir säi Buch Laub und Nadel (Éditions de l’APESS) krut hien 2001 de Prix Servais a Rasch(t)Auer gouf 2015 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent.